Dës hu wuel eppes mam Schantjen vum Tram ze dinn, ma, se sollen awer definitiv sou bestoe bleiwen.
Am Mëttelpunkt steet d’Al Avenue, déi da fir en Automobilist, deen net do wunnt, oder näischt dohinner liwwert oder siche kënnt, u sech tabu ass.
Adaptatioun vum City Night BusD’Al Avenue ass vu lo un dem Bus seng Avenue! E fiert vun der Gare an d’Stad an zréck just nach duerch d’Al Avenue! Also op zwou Spueren. A fäerdeg!
Do ass dann, mat der Vëlospist dobäi, net méi vill Plaz fir aner Autoen, ausser et ass een e Fournisseur oder e Riverain. All déi aner hunn am Prinzip näischt an der Avenue de la Gare ze sichen. Zwou Ausname ginn et dann awer: et dierf een eran, wann een eppes an e Buttek siche geet, respektiv wann ee bei een, deen do wunnt, op Besuch geet.
Als Riverain a Fournisseur fiert een, wann een an d’Al Avenue erawëllt, vum 3. November un, deen anere Wee laanscht d’Kierch: duerch Rue du Fort Elisabeth, an da lénks erof an d’Rue du Fort Bourbon.
All déi aner hale sech wéi gewinnt op der lénker Spuer fir an d’Rue Origer, wa se wëllen Richtung Bouneweg fueren. Ofbéien dierfe si an der Aler Avenue, weder riets nach lénks.
D’Reegele si vun e Sonndeg un definitiv fir Auto a Bus.
Net definitiv ass awer deen neie Shuttle, dee bis d’Arrivée vum Tram, déi fir Enn 2020 geplangt ass, gratis de Tour mécht vum Quai 7 niewent der Gare, duerch d’Al Avenue Richtung Stad, virun der Passerelle da lénks eriwwer laanscht d’Fortuna an da bei d’Spuerkeess op der Metzer Plaz. Zeréck bei d’Gare fiert de Shuttle iwwert d’Nei Avenue, direkt no der Paräisser Plaz lénks eran an d’Jean Origer an dann dat lescht Stéck nees duerch d’Al Avenue op de Quai 7.
