Op der Nordstrooss hunn d’Rettungsekippen e Sonndeg de Moien den Eeschtfall geprouft. Zwee Autoen hate sech knapps no 9 Auer am Tunnel Gousselerbierg ze packe krut an hu Feier gefaangen. Hannendrun huet et gestaut. Sou de Zeenario.
En Exercice fir deen 6 Zenter vum CGDIS mat ronn 30 Mann aus der Regioun mobiliséiert goufen: Miersch, Kolmer-Bierg, Ettelbréck, Luerenzweiler, Lëntgen a Jonglënster. Reconnaissance, Brandbekämpfung an Transport vun den Affer goufen analyséiert, esou de Paul Hack, Chef vun der Zone Zentrum vum CGDIS. D’Rettungsekippen hu wärend der ganzer Interventioun misse mat schwéierem Otemschutz schaffen.
Observateure vum CGDIS, der ITM, der Police an de Ponts et Chaussées hunn den Ekippen iwwer d’Schëller gekuckt. Elo gëtt ee ganz detailléierte Rapport redigéiert, an der Hoffnung, déi nächst Kéier nach méi effikass ze sinn.
Ee Mol d’Joer muss, enger Europäescher Direktive no, esou eng Übung hei am Land organiséiert ginn, erkläert de Serge Roos vun de Ponts et Chaussées. No der Brandkatastrophe vun 1999 am Tunnel vum Mont Blanc, mat deemools 39 Doudeg, gouf International reagéiert.
Vu 7 Auer u gouf am Tunnel op der A7 den Eeschtfall geprouft. D’Übung sollt bis 13 Auer goen, mä den Tunnel ass vun elo un nees op fir de Verkéier.
Fir dësen Exercice war souwuel de CGDIS, d’ITM an d’Lëtzebuerger Police am Asaz. Den Tunnel gouf dann och wärend där Zäit fir den Trafic gespaart.
Um 12.20 Auer koum d’Noriicht, dass d’Übung éischter op en Enn gaangen ass, wéi erwaart, an dass den Tunnel nees op ass.
