
Et géif keng Rupturë vu Pëtrolsproduiten hei am Land ginn. Dat verséchert den Eric Bleyer, President vum Groupement Energies Mobilité Luxembourg, fréier bekannt als Groupement Pétrolier. Dat nodeems de Wirtschaftsministère en Dënschdeg eng Warnung erausginn hat, dass et zu lokalen Enkpäss bei Diesel a Bensinn kéint kommen.
An deem widdersprécht den Eric Bleyer och net. D'Situatioun wier ugespaant. De Schëffstransport ass wéinst niddrege Peegele limitéiert, virop um Rhäin. Déi nächst Woch gëtt op der Zuchstreck tëscht der Stad an Tréier geschafft. An och d'Bränn am Héije Venn hunn en Impakt.
"Et gëtt esouguer e Kanal, deen an der Belsch zougemaach ginn ass, fir de Pompjeeë Waasser ze liwweren, fir d'Bëschbränn ze läschen. Et si vill Saachen, déi beieneekommen an déi d'Situatioun net méi einfach maachen", sou de President vum Groupement Energies Mobilité Luxembourg. Den Eric Bleyer preziséiert awer, dass d'Aarbechten um Schinnereseau mat Zäiten annoncéiert waren an d'Pëtrolieren sech zanter engem Mount och op d'Problemer bei der Schëfffaart astelle konnten.
"Mir hunn all misse kämpfen, fir eis Statiounen kënnen ze beliwweren an heiansdo huet dat net funktionéiert. Dat hu verschidde Clientë jo och gemierkt. Dat waren awer ëmmer just fir eng kuerz Zäit ee bis zwee Produiten op enger bestëmmter Tankstell. Et gouf kee groussen Ausfall."
D'Stocke wieren deemno gefëllt. Den Eric Bleyer réit dovun of, privat Reserven unzeleeën: "Hamsterkeef sinn den Ament keng Optioun. Nach eng Kéier: De Produit ass largement do."
Iwwregens muss een op der Pompel wéinst de punktuellen Enkpäss och net méi déif an d'Täsch gräifen.
Den Eric Bleyer:
"Absolutt net. Zu Lëtzebuerg ass de Spritpräis reguléiert. Fir all Produit op der Tankstell gëtt et e Maximalpräis. Dee gëtt bestëmmt vum Brent, vum taux d'échange tëscht dem Dollar an dem Euro a vun den internationale Cotatiounen."
Eng ugespaant Situatioun, déi d'Pëtrolieren hei am Land relativ entspaant uginn.