Alzenger ContournementHesper Gemeng kann Tunnelvariant vum Minister Bausch net novollzéien

Annick Goerens
Pit Everling
De Schäfferot vun Hesper ass iwwerrascht iwwer d'Propose vum Mobilitéits- an Infrastrukturminister François Bausch.

Dat fir am Kontext vum Alzenger Contournement een Tunnel ze bauen. Dat schreift d’Gemeng um Dënschdeg an engem Communiqué. Et wéisst ee weder, wou den Tunnel soll gebaut ginn, nach kéint een d’Detailer, déi de Minister RTL géintiwwer lescht Woch erkläert hätt, novollzéien.

Den Deputé-Maire Marc Lies freet sech, firwat de François Bausch et net fir néideg gehalen hätt, d’Gemeng doriwwer z’informéieren. De Minister hätt jo scho virun e puer Méint eng Pré-Etude iwwer dës Konstruktioun an Optrag ginn.

Donieft misst ee sech froen, ob de Bau an den Entretien vun engem Tunnel net bedeitend méi deier géing ginn, wéi een iwwerierdesche Contournement. Den Uelzecht-Dall wär iwwerdeems een Iwwerschwemmungsgebitt, och dat kéint fir Problemer suergen, sou schreift et d’Gemeng. Donieft wären déi néideg Etüde ganz zäitopwänneg an et misst elo sou séier wei méiglech eppes geschéien. Zanter Jore fuerdert d’Gemeng Hesper ee Contournement.

D’Verkéierslascht an d’Loftverschmotzung vum Trafic wäre fir d’Bierger ëmmer manner z’erdroen. De Schäfferot wëll dofir weiderhin un enger séierer a konstruktiver Léisung mat allen Bedeelegte schaffen, fir d’Gemeng z’entlaaschten.

PDF: Schreiwes vun der Hesper Gemeng

Back to Top
CIM LOGO