Gleisverformungen a Problemer mat KlimaanlagenHëtzt hat dëse Summer Impakter op den nationalen Zuchreseau

Claudia Kollwelter
Déi héich Temperaturen hunn dëse Summer och d'CFL an dat nationaalt Schinnennetz impaktéiert. Duerch d'Hëtzt koum et zu méi Gleisverformunge wéi an de Jore virdrun.
D'Hëtzt hat dëse Summer fir Veformunge vun de Gleiser a Probleemer mat de Klimaanlagen an den Zich gesuergt.
© Envato Leungchopan

Doduerch gouf den Zuchverkéier ënnerbrach an temporär Vitessbegrenzungen agefouert. De 27. Juni gouf wéinst der extremer Hëtzt am ganze Land eng Vitessbegrenzung vun 80 Kilometer an der Stonn fir d'Zich agefouert.

Am Juni a Juli sinn insgesamt méi wéi 51.000 Zich gefuer. Bei 8 koum et wéinst der Hëtzt zu Problemer mat de Klimaanlagen. Dat präziséiert d'Mobilitéitsministesch an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Michel Lemaire.

D'CFL géif sech elo nach besser op extrem Temperaturen astellen. Geplangt sinn ënner anerem méi Temperatursensoren un de Schinnen, nei Krittäre fir Vitessbegrenzungen an eng besser Ofsécherung vun der Infrastruktur géint d'Hëtzt.

Fannt hei der Ministesch Yuriko Backes hir Äntwert op dem ADR-Deputéierte Michel Lemaire seng parlamentaresch Fro.

Back to Top
CIM LOGO