Ännerungen am Code de la Route (4)Immatrikulatioun: Méi elektronesch Kommunikatioun a manner Pabeier

Pit Everling
D‘lescht Woch gouf de Gesetzesprojet 7985 an der Chamber gestëmmt. Domat kommen och Verännerunge bei der Immatrikulatioun.

En neit Gesetz soll fir méi Sécherheet am Stroosseverkéier suergen. Ënner anerem gëtt de Gebrauch vum Smartphone méi streng bestrooft an den Depistage vun Drogekonsum vereinfacht.

De Projet de loi bréngt awer och eng Rei Ännerungen a punkto Immatrikulatioun mat sech. Am Drëtten Deel vun eiser Serie hate mer d’Changementer bei de Plackennummere beliicht. Am véierten Deel geet et ëm d’elektronesch Kommunikatioun bei der Umeldung an ëm eng nei Notioun um Immatrikulatiouns-Zertifikat.

Op der groer a gieler Kaart gouf et bis elo d’Rubricke “Propriétaire” an “Détenteur”, elo kënnt nach den “Titulaire” bäi. Eng Ännerung, déi op enger EU-Direktiv zeréckgeet. De Pol Philippe vum Mobilitéitsministere, mam Beispill vun engem Leasing-Auto:

“De Proprietär ass d’Leasing-Firma, den Detenteur kann d’Bank sinn an den Utilisateur, dee mam Auto am Alldag fiert, ass den Titulaire.”

E Virdeel wier hei och, datt Leit, déi am Ausland en Auto privat kafen, net méi d’Verkaafskette mussen noweisen, andeems se am Prinzip déi dräi lescht Kafverträg mussen opdreiwen, seet de Chef vun der Direction de la technique automobile, Pol Philippe.

Da soll d’elektronesch Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Acteure verbessert ginn, ënner anerem tëscht der Société Nationale de Circulation Automobile an der Douane, notamment am Fall vun engem Import vun engem Gefier, wou am Moment d’Vignette 705 op Pabeier gebraucht gëtt.

“Wann d’Douane bis bestätegt huet, datt d’TVA bezuelt ass, da kann d’SNCA d’Immatrikulatioun duerchféieren.”

Et sief präziséiert, datt mam Gesetz d’Basis geschaaft gëtt, an datt un der praktescher Ëmsetzung nach geschafft gëtt.

D’Zil ass et, datt de Pabeier als Support iwwerflësseg gëtt, dat gëllt och fir d’Assurance. Do brauch een dann de Versécherungs-Zertikat op Pabeier net méi mat ze bréngen, wann e Gefier ugemellt gëtt, well dee Certificat fënnt d‘SNCA an enger elektronescher Datebank.

E weidere Changement am Gesetz betrëfft Spezialgefierer vun der Police, déi vun der regulärer technescher Kontroll befreit ginn. Bis ewell gouf do mat Derogatioune geschafft.

Hei den 1. Deel vun der Serie

Hei den 2. Deel vun der Serie

Hei den 3. Deel vun der Serie

Back to Top
CIM LOGO