Seel vu Funiculaire gerassKéint et um Kierchbierg och zu engem Accident wéi zu Lissabon kommen?

RTL Lëtzebuerg
Nom uergen Accident vun der Seelbunn zu Lissabon mat 16 Doudegen hu mir bei den CFL nogefrot, ob et och hei am Land zu sou engem Virfall komme kéint.
© CFL / RTL Archiv

Op Nofro hi präziséieren d’CFL, déi an der Stad de Funiculaire tëscht dem Pafendall an dem Kierchbierg bedreiwen, datt d’Kabinnen duerch den agebauten automatiséierte Bremssystem direkt ofgebremst ginn, wann zum Beispill e Kabel géif räissen, respektiv wann de Widderstand vum Kabel, deen de Funiculaire transportéiert, noloosse géif. Duerch dëse Sécherheetssystem wier ausgeschloss, datt d’Kabinne weiderfueren.

Den Traktiounskabel géif all Mount per Kamera inspizéiert. Donieft géif dräi Mol am Joer méi eng déifgräifend Maintenance gemaach, sou d’CFL.

RTL-News (4.9.25): 17 Doudeger bei Stand-Seelbunn-Ongléck zu Lissabon: Ausseministère: keng Lëtzebuerger Residenten ënnert den Affer

Back to Top
CIM LOGO