House of AutomobileLiwwerschwieregkeete suerge fir Baisse bei Immatrikulatiounen

RTL Lëtzebuerg
An der éischter Hallschent vum Joer ass d'Zuel vun den Autoen, déi zu Lëtzebuerg ugemellt goufen, ëm bal een Drëttel zeréckgaangen am Verglach zu 2019.
© RTL-Archivbild

Eleng bannent den éischte 6 Méint vun dësem Joer gouf et eng Baisse vun 13,7 Prozent, heescht et an engem Schreiwes vun de Vertrieder vum Automobilsecteur zu Lëtzebuerg.

D’Zuel vun den Autoen, déi d’Concessionnairë bestellen, wier dogéint erëm zolidd geklommen. Deemno féiert een d’Baisse bei den Immatrikulatioune beim House of Automobile op d’Liwwerschwieregkeeten am Secteur zeréck.

Back to Top
CIM LOGO