Aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen geet ervir, dat den zoustännege Minister François Bausch net sou séier virukënnt mam Ausbau vum Reseau u Vëlosweeër, wei 2018 geduecht. Just 73 vun 430 geplangte Kilometer konnte bis elo gebaut ginn. E groussen Deel hänkt an de Prozedure vu Etüden, ob iwwerhaapt eng Pist méiglech ass, bis bei Avant-Projeten.
“Déi gréisste Schwieregkeet, déi mer haut hunn, dat ass, wann ech am Norden zum Beispill kucken, do hu mer eng Rei Pisten, wou ee Stéck feelt. Wou et wierklech ëm d’Emprise geet. Dat heescht, un d’Terrainen ze kommen, fir d’Vëlospiste kënnen ze bauen.”
De François Bausch fuerdert, datt am Comité d’acquisition fir déi néideg Terrainen ze kafen, eng Persoun soss näischt maache soll, wéi sech ëm déi ganz spezifesch Dossiere “Vëlosweeër” ze këmmeren.
E weidere waarmen Appell richt de Minister op en Neits un d’Gemengen. Ouni si wier et net méiglech, den nationale Reseau, deen et zum Beispill méiglech mécht, vun Nojem aus bis op Péiteng iwwer Vëlosweeër ze fueren, lokal bis an d’Dierfer a Stied unzebannen.
Problematesch bleift vill ze oft och d’Zesummeliewe Vëlo-Auto, virop an de gréisse Ballungsgebidder. Iwwerdeems iwwer Land, um Vëloswee, Vëlo a Foussgänger u sech am géigesäitege Respekt misste laanschtenee kommen.