Net schlecht gestaunt hunn e Méindeg de Moien d’Vëlosfuerer, déi zu Stroossen duerch d’Rue des romains gefuer sinn.
Do war an deem Deel, wou Sens unique ass an d’Cyclisten dowéinst op den Trottoir fueren, eng grouss ugeluechte Police-Kontroll.
10 Poliziste waren am Asaz, fir d’Vëlosfuerer, déi iwwert den Trottoir gefuer sinn, ze protokolléieren. An dat mat ganzer 74 Euro.