
An dat aus direkt 2 Grënn:
"Well Vespa dëst Joer seng 80 Joer feiert, well déi 1946 ugefaangen hunn, a well ech och vun 1946 sinn, hunn ech d'Iddi kritt fir ze weisen, dass een och mat deene puer Joer nach ka vu Bieles bis op Roum mat enger Vespa fueren."Elo haut géint 9 Auer, also an 10 Minutte geet et zu Bieles fort. Dat op enger 300er Vespa.
Déi ganz Streck gëtt awer natierlech net an engem Coup gefuer:
"Ech wëll sou plus minus 400 Kilometer den Dag maachen. Dat heescht, ech fuere Méindes fort, Méindes Dënschdes, Mëttwochs an da bleiwe mer nach vläicht 100 oder 120 Kilometer fir Donneschdes."
Fir déi am ganzen 1367 Kilometer gutt ze packen, huet den Nico Gouber sech déi lescht Méint well kierperlech virbereet:
"Dem Alter no bedéngt hunn ech ugefaangen, all Dag e bëssen Training ze maachen, Home-Trainer an dann mat e bësse Gewiichter, fir awer e bëssen a Form ze bleiwen. Dat spiert ee schonn. Ech hat just Pech, well ech Enn Abrëll e klengt Accident hat, wou ee mech ëmgerannt hat mat der Vespa, an do hunn ech e Mount laang am Fong geholl keen Training kënne maache, well ech 3 Rëpper gebrach hat an ech hat d'Schëllerblat och e bëssen abiméiert. Du war den Training e bësse verluer gaange, mee wéi dat awer elo gutt war, dunn ech awer rëm richteg ugefaangen, well ech wëll jo awer a Form sinn, fir di 1300 an e puer Kilometer ze fueren."
De bal 80 järegen mécht déi ganz Streck awer net eleng:
"Nee, mäi Meedchen a meng Fra, déi fuere mat a mir hunn och en Unhänger fir Motorrieder dropzesetzen, fir am Fall wou. Et weess ee jo ni, wat emol ka geschéien eng Pann oder, wéi gesot mat 80 Joer ass een eeben net méi grad bei deene ganz Jonken, sou dass een iergendwéi awer ofgeséchert ass."
Mir wënschen dem Nico Gouder alles Guddes fir seng Rees. A kommt gesond a monter un!