
10 Kilometer Stau huet een Autofuerer verursaacht, well hie kee Bensin méi am Auto hat, dat matzen an engem Chantier op der Autobunn a Sachsen. Dowéinst huet de Mann ugefaangen, säin Auto iwwert d’A4 Dresden-Görlitz ze drécken. Wéinst dem Chantier gouf et do nëmmen eng Spur, esou dat honnerte vun Autofuerer am Schrëtttempo missten hannert him tuckeren.
Ronn 100 Meter virun dem Rasthof Oberlausitz ass dem 43 Joer alen Automobilist de Won stoe bliwwen, huet ee Policespriecher matgedeelt. De Bäifuerer vum Auto ass du mat engem aneren Auto, den hie matgeholl huet, op déi nächst Bensinsstatioun gefuer a koum mat engem Kanister zeréck. Dunn hu si de Tank erëm gefëllt a si weidergefuer.