ANAMéi Sécherheet duerch Simulator

Pierre Weimerskirch
D'Autoritéit vun der ziviller Aviatioun huet nei Méiglechkeeten, d'Personal um Fluchhafen ze schoulen.
ANA: Méi Sécherheet um Findel duerch Simulator
Well een op der Pist um Findel net vill Tester maache kann, ginn déi elo an engem Simulator duerchgefouert.

D’Fluchsécherheet ass ee vun de wichtegste Facteuren fir Leit, déi reesen. Eppes wat sech awer net nëmmen am Cockpit entscheet, ma och ronderëm d’Start- a Landepist. Permanent zirkuléieren Gefierer ob de Fluchhäfen, d’Personal brauch dofir ee spezielle Führerschäin a Formatiounen. Fir all méiglech Situatiounen nozestellen huet, d’Autoritéit vun der ziviller Loftfaart ee Simulator kaf an dat bitt nei Méiglechkeeten.

Méi Sécherheet duerch ANA-Simulator - Rep. Danielle Goergen

Am 2 Minutten-Takt starten a landen Fliger um Findel. Méi Trafic bréngt nei Erausfuerderunge mat sech. D’Piste ze blockéieren, fir Personal ze forméieren, gëtt quasi onméiglech. Fir ronn 100.000 Euro huet d’Autoritéit vun der ziviller Loftfaart ANA e Simulator kaf an deem bis ewell schonn iwwer 300 Leit eng Ausbildung kruten.

Back to Top
CIM LOGO