Vum 30. Mäerz bis den 11. AbrëllN11 tëscht Iechternach an der Stad kritt mobil rout Luuchten

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Stad Iechternach e Freideg an engem Communiqué matdeelt, kann et wärend der Ouschtervakanz op der N11 zu Aschränkungen am Trafic kommen.
© Ville d’Echternach

Grond ass d’Installatioun vu mobile roude Luuchten um Streckenofschnëtt tëscht Iechternach a Lauterbuer. Hei ass jo am Kader vum Ausbau vun der N11 e Chantier. Konkreet betraff ass de Beräich op der Héicht vum Akafszenter, vum CGDIS, sou wéi och d’Kräizung mat der Rue Krunn.

Liest hei d’Schreiwes vun der Stad Iechternach

Eng Iwwersiicht vun den Deviatioune fir d'Vëlosweeër
Eng Iwwersiicht vun den Deviatioune fir d’Vëlosweeër
© Ville d’Echternach

Back to Top
CIM LOGO