Wärend der PäischtvakanzN4d an Deeler vun der Jonctioun Lankelz zu Esch-Uelzecht gespaart

RTL Lëtzebuerg
Op der N4d an an der Bretelle, déi an der Jonctioun Lankelz vu Raemerich a Richtung Péiteng féiert, gëtt en neien Tapis geluecht.
Stroossenaarbechte wärend der Päischtvakanz zu Esch-Uelzecht
Stroossenaarbechte wärend der Päischtvakanz zu Esch-Uelzecht
© Administration des ponts et chaussées

En Dënschdeg, 26. Mee fänken zu Esch-Uelzecht um 7 Auer Stroossenaarbechten un, déi bis e Samschdeg, den 30. Mee owes um 20 Auer wäerten daueren.

Dee Moment kritt d'N4d en neien Tapis, grad sou wéi d'Bretelle vun der Jonctioun Lankelz, déi vu Raemerich a Richtung Péiteng féiert.

D'Deviatioune lafen iwwert de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, de Boulevard Pierre Krier, de Boulevard Charles de Gaulle an d'Rue Henri Koch.

An der Iwwersiicht:

Stroossespären an Deviatiounsplang zu Esch-Uelzecht

Back to Top
CIM LOGO