Aktuell leeft alles no PlangNach bis den 9. August inclus gëtt Dag an Nuecht un der Tramslinn geschafft

Marlène Clement
Ryck Thill
Gréissere Chantier tëscht der Rouder Bréck an der Philharmonie wéinst neier Tramslinn.

Nach bis den 9. August inclus zirkuléiert keen Tram tëscht der Rouder Bréck an der Philharmonie, dat wéinst engem gréissere Chantier fir den Ausbau vum Tram um Kierchbierg.
Zil vun deenen Aarbechten ass et, den Europäesche Geriichtshaff, d'Europäesch Investitiounsbank an d'Europaschoul un den Tram unzebannen. Bis déi nei Tramslinn ganz fäerdeg ass, dauert et awer nach e bëssen.

Am Hierscht d'nächst Joer soll se fäerdeg sinn. Zanter fënnef Deeg gëtt op der Kräizung tëschent der Avenue John F. Kennedy an dem Boulevard Konrad Adenauer Dag an Nuecht geschafft. Mir waren e Méindeg de Moien op der Plaz an hu mam Jean-Charles Wiart vu Luxtram de Point gemaach. Den Ament leeft alles no Plang.

© Marlène Clement

"Ce matin, nous allons réaliser la pose des aiguillages de chantier, qui permet la connexion de la ligne existante avec la future extension sur le Boulevard Adenauer, au Kirchberg. Aujourd'hui, il va être levé des appareils de voie qui ont été prémontés aux abords du chantier, pour être au plus près et pour permettre la réalisation de cette phase de chantier le plus rapidement possible."

© Marlène Clement

Back to Top
CIM LOGO