Aus SécherheetsgrënnVum 31. Juli u kann een op der Jonctioun Lankelz net méi no lénks ofbéien, fir op d'A13 ze kommen

RTL Lëtzebuerg
Op där Plaz wier et ëmmer nees zu geféierleche Situatioune komm, heescht et am Schreiwes vu Ponts et chaussées.
© ACT

Vum 31. Juli um 22 Auer un ass et net méi méiglech op der Jonctioun Lankelz lénks ofzebéien, wann een op der A4 aus Richtung Audun-le-Tiche (Däitsch-Oth) kënnt a wëllt op d'A13 a Richtung Péiteng fueren.

Dës Ännerung gëtt aus Sécherheetsgrënn agefouert. De "Lénksofbéier" huet an der Vergaangenheet ëmmer nees fir geféierlech Situatiounen a Verkéiersaccidenter gesuergt.

Fir op d’A13 a Richtung Péiteng ze kommen, mussen d’Automobilisten an Zukunft d’Sortie 7 "Raemerich" op der B40 huelen, iwwer d’N37 bis bei den Échangeur Éilereng (Sortie 4) fueren a vun do aus op d’A13 a Richtung Péiteng opfueren.

Eng permanent Deviatioun gëtt ausgeschëldert.

Communiqué : Modification permanente de la circulation à la jonction de Lankelz à partir du vendredi 31 juillet 2026
Communiqué par: Administration des ponts et chaussées

Back to Top
CIM LOGO