D'Bëschbränn a Frankräich an a Spuenien maachen da weider grouss Suergen: A Frankräich sinn d'Flamen deemno just nach eng 15 Kilometer vu Bordeaux fort. D'Gironde am Süd-Weste vum Land ass aktuell am schlëmmste betraff. 42.000 Hektar Bësch sinn do scho verbrannt, 220.000 Leit hu bis elo bei eise franséische Nopere missten evakuéiert ginn. 18 Läsch-Fligeren an Helikoptere sinn den Ament am Asaz. Engem leschte Bilan no goufe mëttlerweil 84 Pompjeeën am Asaz am Gironde blesséiert, fënnef an den Hautes-Alpes.
Déi spuenesch Regierung huet fir d'Regioun ëm Madrid den Etat d'Urgence ausgeruff, knapp 60.000 Leit hunn hiert d'Doheem misste verloossen. Ma och an anere Regiounen a Spuenien ass d'Situatioun eescht: An der Géigend vu Valencia ass eng Persoun wéinst de Bränn ëm d'Liewe komm.