
D'natur&ëmwelt stellt sech weider géint de geplangte Contournement vun Alzeng, dee soll 390 Milliounen Euro kaschten. D'Natura-2000-Gebitt ass op europäeschem Niveau geschützt a wéinst senger Bedeitung fir vill Déieren- a Vullenaarten ausgewisen.
Eng Alternativ kann d'Naturschutzorganisatioun awer net nennen. “Mer musse soen, datt den Tracé, wéi e geplangt ass, warscheinlech dee klengst méiglechen Impakt huet“, seet d'Claudine Felten, Directrice vun natur&ëmwelt. De Contournement soll nämlech laanscht d'Schinne féieren, déi schonn dosinn, an d'Gebitt zerschneiden. Virun allem awer de Chantier iwwer e puer Joer géif d'Natur belaaschten.
Fir natur&ëmwelt stellt sech och d'Fro, ob eng zousätzlech Strooss déi richteg Äntwert op de Verkéiersproblem zu Alzeng an Hesper wier. D'Organisatioun argumentéiert, datt nei Stroossen d'Verkéiersproblemer dacks nëmme kuerzfristeg léisen. Als Beispill nennt d'Claudine Felten d'Diddelenger Autobunn, déi och gebaut gouf, fir aner Stroossen ze entlaaschten. Elo gëtt d'Autobunn erweidert, an de Verkéier gëtt weider méi.
"De Bau vun neie Stroosse bréngt bekanntlech méi Verkéier", seet d'Directrice vun natur&ëmwelt. Amplaz misst méi an den ëffentlechen Transport, a Busverbindungen a Vëlosweeër, investéiert ginn.
Besonnesch wichteg wier den Uelzecht-Dall fir Villercher. An der renaturéierter Uelzecht bei Schëffleng bréien antëscht reegelméisseg Wäisstorcher, an d'Gebitt gëtt och wärend der Migratioun als Rast- a Fuddergebitt genotzt. Am Wanter sinn do och grouss Zuele vu Sëlwerreeëren ze gesinn.
D'Natura-2000-Gebitt kéint och Liewensraim fir Aarte schafen, déi fréier an de Wise gebréit hunn, wéi de Kiebitz. "Et ass net nëmmen Aarteschutz, et ass och Klimaschutz", ënnersträicht d'Claudine Felten dann nach. Natierlech Floss- a Fiichtgebidder kënnen dozou bäidroen, Waasser ze halen an awer och den Héichwaasserschutz ze stäerken.
De Projet de loi ass antëscht publizéiert. Natur&ëmwelt hat sech schonn am Kader vun der ëffentlecher Consultatioun géint de Projet ausgeschwat. Als eenzeg positive Punkt am Projet de loi gesäit d'Organisatioun awer, datt d'Kompensatiounsmoossname virum Bau vum Contournement ofgeschloss musse sinn. Dat wier wichteg, well dës Moossnamen op anere Plazen dacks eréischt laang nom Bau ëmgesat goufen.
Trotzdeem wëll natur&ëmwelt de Projet net einfach akzeptéieren. Op där enger Säit wéilt ee weisen, dass een net domat d'Accord wier, mee et kann een sech och virstellen, méi wäit ze goen. "Mir préiwen, wéi wäit mer kënne juristesch dogéint virgoen", seet d'Claudine Felten.