Luuchte-RadarNieft Stäreplaz och op Hollerecher Strooss an um Schlammestee

RTL Lëtzebuerg
An den nächste Jore sollen op d'mannst op 3 Plazen am Land Radaren op roude Luuchten installéiert ginn.

Nieft der Stäreplaz soll dat och bei der Hollerecher Kierch an um Schlammestee de Fall sinn.

De Radio 100,7 krut dëst vum Transportministère confirméiert.

Et handelt sech ëm Pilotprojeten, déi zum Deel schonn am Aktiounsplang fir méi Verkéierssécherheet dra stinn. E Plang, dee jo dëst Joer presentéiert gouf.

PDF: De kompletten Aktiounsplang vum Mobilitéitsministère (Mee 2019)

Back to Top
CIM LOGO