Et ass offiziellNissan wäert 12.500 Aarbechtsplazen ofbauen

RTL Lëtzebuerg
Domadder reagéiert d'Entreprise op déi schlecht Verkafszuelen, déi een an de leschte Joren hat.

D’Produktioun soll domadder déi nächst 4 Joer ëm 10% reduzéiert ginn. Am éischten Trimester vun dësem Geschäftsjoer ass de Nettobenefice vum japaneschen Autoskonstrukteur ëm 95% zeréckgaangen, op nach just 52 Milliounen Euro. Grad an Europa an an den USA ass de Verkaf vun Nissan-Ween däitlech zeréckgaangen.

Back to Top
CIM LOGO