Deemools gouf d’Schmuelspurbunn Charly a Betrib geholl, fir d’Leit aus dem Oste vum Land besser mat der Stad ze verbannen. Bis 1954 war dës Linn a Betrib, bis se sech duerch de Bus-Reseau net méi rentéiert hat.
Hautzedaags ass dee gréissten Deel vun der Streck e Vëloswee. Mä och déi al Garen a Caféë vun deemools hunn nei Funktioune fonnt. Hei si Restauranten, Ausstellungen, Wunnengen an am Fall vun der Gare zu Bech och eng Mikro-Brauerei ënnerbruecht. Mä och Lokalhistoriker setze sech fir de Patrimoine vum Charly an.
Mir ware mam Jean-Paul Meyer, deen d’lescht Joer e Buch iwwert den Charly geschriwwen huet, op de Spure vun der historescher Schmuelspurbunn ënnerwee.