Police confirméiertOp der Gare zu Méchela gouf bei Aarbechten eng Granat fonnt

Pit Everling
D'CFL deele mat, dass wéinst der Spär scho Busser agesat goufen, dat vun Ettelbréck a Richtung Giewelsmillen.
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz virun 11 Auer huet d’CFL en Donneschdeg de Moie matgedeelt, dass e Policeasaz op der Zuchstreck (Linn 10) tëscht Ettelbréck an der Giewelsmille wier an dass dowéinst och d’Streck gespaart wier.

RTL krut op Nofro hin vun der Police confirméiert, dass bei Aarbechten un engem Chantier bei der Gare zu Méchela um Donneschdeg eng Granat fonnt gouf. D’Aarbechte goufen du gestoppt an de Service de déminage huet misste geruff ginn.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO