
D'Petitioun fir en Urgencë-Plang op der Zuchlinn L90, also Metz-Diddenuewen-Lëtzebuerg, gouf mëttlerweil vu ronn 5.770 Leit ënnerschriwwen, a se leeft nach dräi Deeg.
De Petitionär hätt gär, dass d'Konditiounen op där Streck verbessert gi mat virop méi Capacitéiten. Dat well d'Zich reegelméisseg iwwerfëllt wieren.
Dofir sollten déi disponibel Plaze séier gehéicht, an d’Zesummenaarbecht tëscht der franséischer an der Lëtzebuerger Bunn verbessert ginn.