Viru SchoulenPolice Campagne fir d'Rentrée

RTL Lëtzebuerg
Grad beim Schoulufank ass et wichteg, datt sech all d'Leit, déi um Stroosseverkéier deel huelen, nees geziilt oppassen.
Sécherheetscampagne fir d'Schoulrentrée
Police hëlleft a gëtt e puer Tipps, wéi een d’Kanner sécher an d’Schoul ka kréien.

D’Schoul huet iwwerall am Land erëm ugefaangen. Dofir sinn net nëmme méi Autoen op de Stroossen, ma och méi Kanner sinn erëm ënnerwee. Et ass also elo am Schoulufank besonnesch wichteg, dass jiddereen am Stroosseverkéier oppasst. Dofir huet d’Police eng Campagne extra fir d’Rentrée gestart. Verstäerkte Präsenz a Kontrolle bréngen de Kanner an den Eltere méi Sécherheet.

Back to Top
CIM LOGO