Op der PompelPräisser vu 95er an 98er-Bensinn ginn nees liicht erof
No der massiver Präishausse vun den zwou Bensinnszorte vun e Mëttwoch, ass et an der Nuecht op e Freideg nees eng liicht Baisse bei den zwou Zorten.
Verëffentlecht: 17.09.26 17:58, Update: 17.09.26 18:22
De 95er-Bensinn gëtt ëm 4,9 Cent méi bëlleg a wäert domat 1,849 Euro de Liter kaschten. Den 98er-Bensinn fällt op 2,075 Euro, wat eng Baisse vu 5,3 Cent entsprécht.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.