
Op ville Busarrêten uechter d'Land fënnt een nieft den affichéierten Horairen elo och QR-Coden, déi ee mam Handy scanne kann. Et kritt een dann ugewisen, wéini den nächsten Depart ass. 2024 gouf an der Nordstad e Pilot-Projet lancéiert. Am Schnëtt goufen an all Busarrêt d'QR-COden eng 120 mol den Dag gescanned. Elo gëtt dann all Arrêt am Land mat dësem Service equipéiert. Op 80% vun de ronn 4.000 Haltestellen hänken d'Code schonn.
"Et ass eng zousätzlech Informatioun zu de klassesche Fuerpläng, an awer och zu onser App," erkläert de Directeur adjoint Administration des transport publics Yan Steil, "Dee grousse Virdeel ass, dass een elo op all Arrêt am Land den Numm vum Arrêt gesäit an och de Quai, op där richteger Säit. A wann een de QR-Code scannt, da gesäit ee wierklech an Echtzäit, wéini kënnt mäi Bus, a 5 Minutten, an 10 Minutten... asw. Et ass eigentlech eng Verbindung vun deem Physeschen an deem Digitalen, wat mer hei probéiert hunn.