AutomobilsecteurRekordproduktioun bei Tesla, ma och héich Verloschter

RTL Lëtzebuerg
Den amerikaneschen Autoskonstrukteur Tesla huet am zweeten Trimester e Verloscht vu gutt 408 Milliounen Dollar gemaach.

Dat ass méi wéi erwaart. D’Tesla-Aktien hunn no der Annonce ëm 12% noginn.

De Chef Elon Musk huet awer och betount, datt tëscht Abrëll a Juni en neie Produktiounsrekord konnt realiséiert ginn.
Et goufen iwwer 95.300 Autoen gebaut.

Back to Top
CIM LOGO