
360 Roller op 40 verschidde Statioune verdeelt. Esou wëll Bird de Sharing-System vum Elektroroller elo an d’Lëtzebuerger Haaptstad bréngen. Bird ass aktuell nieft Lëtzebuerg och zu Atlanta, Berlin, Frankfurt, London oder Paräis aktiv.
An der Nuecht op en Dënschdeg ass déi éischt Statioun opgeriicht ginn, dat tëscht dem Glacis an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg.
Fir de Service kënnen ze notzen, muss ee sech d’App vu Bird op säin Handy lueden.