
Wann op d’mannst dräi Leit an engem Gefier sëtzen, dierf dësen Auto op der supplementärer Spur op der E411, tëscht Arel an der Lëtzebuerger Grenz fueren. Dës Spur dierf vu Chaufferen wärend engem Stau genotzt ginn, d’Vitess ass op 50 Kilometer an der Stonn limitéiert. Dat huet de wallouneschen Transportministère de Kollege vun der Sudpresse confirméiert.
Op der ganzer Streck ginn och Kameraen opgeriicht, déi d’Nummereschëlter erfaassen a kontrolléieren, op och déi gefuerderten Unzuel vu Leit am Auto sëtzen. Fir datt dëst och ouni Problem ka funktionéieren, gouf wärend dem grousse Chantier 20 Auslafzone vun 150 Meter gebaut, wou da Gefierer, déi e Problem hunn, stoe kënne bleiwen, ouni awer den Trafic op der Standspur ze blockéieren. Spéitstens Enn Abrëll, respektiv Ufangs Mee soll d’Standspur op 11 Kilometer fir de Covoiturage opgoen.
De selwechte Projet gëtt dann och tëscht Wavre a Bréissel realiséiert.
Iwwert en ähnleche Projet ass och schonn am Joer 2017 diskutéiert ginn. Deemools hat de Minister François Bausch annoncéiert, datt ee géif préiwe loossen, fir d’Standspur bei vill Trafic ze notzen. Ebe war och hei am Gespréich, datt et eng Spur fir de Covoiturage wier. D’Analyse sollt op der A6 gemaach ginn, déi un déi Belsch E411 grenzt. Ma de Minister hat schonn ugedeit, datt dës Methode och op anere Plaze méiglech wier.
RTL.lu: Net nëmmen op A6 Covoiturage op Pannespur an Zukunft op méi Plaze méiglech (7.12.2017)
RTL.lu: VIDEO: Co-Voiturage Zesummen Auto fueren: en Zukunftsmodell? (8.12.2017)