
En éischter ongewinnte Bild presentéiert sech dëser Deeg an Holland. Wärend Europa ënnert där extremer Hëtzt ze leiden huet, sinn an Holland d’Streeween ënnerwee, wat jo bei eis just am Wanter de Fall ass. Streesalz bei där Afenhëtzt, wier awer kee Witz, seet eng Spriecherin vun der Gemeng Utrechtse Heuvelrug am Oste vum Land. Et géif een dat op verschiddene Stroosse maachen, fir de Makadamm ofzekillen. Och d’Gemeng Noorderveld am Nordoste vun Holland ass hier Bierger am Gaangen op Twitter op dëst aussergewéinlecht Bild vun de Streeween am décke Summer ze preparéieren.
Des Aktioun huet och hir Erklärung. Wéi et nämlech heescht, géif d’Salz der Loft d’Fiichtegkeet entzéien an déi géif hirersäits de Makadamm killen. Op des Manéier soll verhënnert ginn, dass d’Stroossen opfueren an de Belag pecht. Virun allem Stied a Gemengen am Oste vun Holland, un der Grenz mat Däitschland, setzen des Methode an. Bei där tropescher Hëtzt kann de Makadamm nämlech esou waarm ginn, dass ee bascht a Lächer kritt.
Op den Autobunnen an de grousse Landstroossen dogéint gëtt awer net gestreet. Wéi et heescht, hätt de Belag op den Haaptachsen eng speziell Struktur, duerch déi d’Fiichtegkeet méi séier kann opgeholl ginn.