De Radar tronçon op der Iechternacher Streck geet am Dezember an eng Testphas, dat bis Enn vum Joer. D’Donnéeë géifen elo nach alleguer geläscht ginn. Vum neie Joer u soll den 1. Streckeradar am Land tëscht dem Waldhaff a Gonnereng dann definitiv funktionéieren.