Warschau Tram-Championnat: Lëtzebuerg op 23. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Déi zwee Luxtram-Chauffere Myriam Mekhfi a Rodolphe Toussaint hunn den 12. European TramDriver Championship zu Warschau op der 23. Plaz vun 26 Ekippen ofgeschloss.
© Screenshot / Youtube / TRAM-EM

Bei der Competitioun goung et net nëmmen ëm präziist Bremsen a Fueren. Déi 52 Coursse goufen an aacht Disziplinnen ausgedroen, dorënner och "Tram-Bowling" a Basketball.

Lëtzebuerg koum op 3.805 Punkten.

Gewonnen huet Prag mat 6.000 Punkte virun Oradea a Sofia.

Fir Mekhfi an Toussaint war et déi éischt Participatioun un der Europameeschterschaft.

2019 hat Lëtzebuerg nach déi véiert Plaz erreecht.

Back to Top
CIM LOGO