Kuerzzäiteg keng Zich op LëtzebuergTréierer Gare gouf wéinst zwee verdächtege Rucksäck gespaart

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg gouf den Hauptbahnhof zu Tréier deelweis gespaart, dat well 2 Rucksäck ouni Besëtzer entdeckt goufen.
© Steil-TV

Géint 14.40 Auer goufen déi 2 Rucksäck an der Nord-Entrée vun der Gare fonnt. D’Entrée an e Gleis hu misste ronn eng Stonn gespaart ginn.

© Steil-TV

Wéi d’Police vun Tréier matdeelt, goufen d’Zich iwwer Konz, Lëtzebuerg a Saarbrécken ëmgeleet. D’Besëtzer vun de Rucksäck konnte bis ewell nach net ermëttelt ginn. Wärend der Spär war och e spezialiséierten Hond am Asaz.

© Steil-TV

No enger Stonn gouf d’Gare nees komplett fräiginn. A béide Rucksäck war Schoulmaterial dran.

Back to Top
CIM LOGO