
Botzen, Maintenance a Kontrollen. Dat sinn d’Haaptgrënn vun den Aarbechten, déi Ponts et Chaussées an den nächste Wochen a Méint an den Tunnellen wäert duerchféieren. 24 Tunnellen a Wëldpassagë si concernéiert.
Ugefaange gëtt mat den Tunnellen Éilereng an Ässen op der A13, wou vum 19. August bis den 21. August an der Nuecht Maintenance Aarbechten duerchgefouert ginn. De leschten Tunnel, deen zou ass, ass dann den Tunnel Stafelter op der A7, datt tëscht dem 4. an dem 8. November an der Nuecht, och fir Maintenance. Verschidden Tunnellen sinn dann och zu 2 verschiddene Perioden zou, eng Kéier wéinst Maintenanceaarbechten an eng Kéier wéinst Botzaarbechten.