Neie Rekord an DäitschlandUndeel vun E-Autoe bei Neizouloossunge klëmmt op 34,5%, Hybrid am beléiftsten

RTL mat AFP
Den Undeel vun den E-Autoen ass an Däitschland op en neie Rekordwäert geklommen. De beléiftste Motor ass den neien Zuelen no den Hybrid, wärend Diesel a Bensinn staark falen.
Den E-Auto gëtt an Däitschland ëmmer méi beléift.
© RTL Archivbild

Déi héich Bensinnspräisser an och déi staatlech Primm fir E-Autoe loosse wuel vill Mënschen an Däitschland ëmdenken. De Maartundeel vun Elektroautoen huet am September 34,5 Prozent an domat den héchste Wäert jeemools bei Neizouloossungen erreecht.

D'Kraftfahrt-Bundesamt (KBA) zu Flensburg huet e Méindeg gemellt, datt knapp 88.600 Autoe mat Elektromotor am September nei zougelooss goufen. Hiren Undeel um Marché wier domat am Verglach zum selwechte Mount d'lescht Joer ëm 15,2 Prozentpunkten op den neie Rekordwäert vu 34,5 Prozent geklommen.

Deemno hu besonnesch d'Neizouloossunge vun E-Autoen op Privatkeefer zougeholl. Am August ëm 141 Prozent am Verglach zum Joer virdrun. Bei Entreprisen hätt dës Hausse bei 33 Prozent geleeën.

D'Bundesumweltministerium huet da matgedeelt, datt vu Mëtt Mee bis Ufank Oktober 100.000 Demanden op d'E-Auto-Primm accordéiert gi wieren. Den Ëmweltminister Carsten Schneider vun der SPD huet erkläert: "All zousätzlechen Elektroauto mécht eist Land méi onofhängeg vun deieren Uelegimporter an internationale Konflikter." D'Primme leie jee no Autosmodell, Gréisst vum Stot an Akommes bei 1.500 bis zu 6.000 Euro.

Nach méi beléift wéi en Auto mat engem rengen Elektromotor waren am September Autoe mat engem Hybridmotor. Dovu goufen dem KBA no knapp 98.900 Autoen zougelooss, den Undeel huet hei 38,5 Prozent erreecht.

D'Neizouloossunge vu Bensinner sinn dogéint staark, ëm 29 Prozent am Verglach zu zejoert, op ronn 44.600 Autoe gefall. Hiren Undeel läit domat just nach bei 17,4 Prozent. Den Undeel vun den Dieselautoen ass am Verglach zum September 2025 ëm 20 Prozent gefall a läit elo just nach bei 9 Prozent, wat an Zuele ronn 23.000 Autoe sinn.

Back to Top
CIM LOGO