Mat 12.500 StellplazenUtrecht weit dat gréisste Vëlos-Parkhaus op der Welt an

RTL Lëtzebuerg
A ganz Holland gëtt et iwwer 22 Millioune Vëloen. D'Stad Utrecht huet elo op dës Iwwermass reagéiert an ee risegt modernt Vëlos-Parkhaus ageweit.
© Twitter /Gemeng Utrecht

12.500 Vëloen op 3 Etagen - Utrecht huet domat elo dat gréisste Parkhaus fir Drotieselen. Wéinst senger gudder Lag, no un der Gare vun der véiertgréisster hollännescher Stad, kënnen d’Cyclisten einfach op de Bus oder Zuch ëmklammen an dobäi hire Vëlo bequem am Parkhaus ofstellen.

Duerch dëst Parkhaus ginn et insgesamt eng 22.500 Stellplazen an der Géigend vun der Gare. Domat gëtt déi sougenannten duuss Mobilitéit exemplaresch virgelieft. Utrecht iwwerhëlt domat déi japanesch Metropol Tokyo, déi bis ewell mat ronn 10.000 Stellplazen d’Nummer 1 weltwäit war.

D’Käschte fir d’Konstruktioun vum Vëlos-Parkhaus belafe sech op 30 Milliounen Euro. Dës Zomm gouf esouwuel vun der Gemeng Utrecht, wéi och vun der Hollännescher Bunn a Pro Rail iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO