
De Mobilitéitsministère zesumme mat der Douane maachen um Dënschdeg a Mëttwoch un der franséischer Grenz bei Diddeleng-Zoufftgen an beim Centre douanier um Houwald verstäerkt Kontrollen. Viséiert sinn Transporter, déi geféierlech Gidder gelueden hunn.
Och Inspekteren aus anere Länner maache bei der Aktioun mat: aus der Belsch, Däitschland, Kroatien, Spuenien, Frankräich, Holland, Polen an aus Rumänien.