Op knapp 300 Säite sinn hei eng ganz Rëtsch kleng a grouss Projeten a Verkéierskonzepter opgelëscht, déi elo no a no sollen ëmgesat ginn.
Et huet ee sech vill virgeholl fir déi nächst 13 Joer. De ganze Verkéiersreseau - vum Trëttoir bis bei d’Schinn - gouf op de Leescht geholl a soll an den nächste Joren un d’Erausfuerderunge vun der Zukunft ugepasst ginn.
Eng Hellewull Bau- an Ëmbauprojete si fir déi nächst Jore geplangt. Nei Zuchstrecken, nei Tramslinnen, nei Boulevarden, nei Autobunns-Echangeuren an nei “Park & Ride"-Offeren.
Déi nächst Wochen iwwer wäert den zoustännege Minister François Bausch den Tour vum Land maachen, fir den nationale Mobilitéitsplang dem Public ze presentéieren. Éischte Rendez-vous ass en Méinden den Owend am Tramsschapp um Lampertsbierg.