
D'Escher Gemeng huet gréng Luucht fir eng nei Tax op Wunnengen, déi eidel stinn, oder op Terrainen, déi net genotzt ginn, ginn. Mat Ausnam vun der ADR hunn all d'Parteien e Freideg de Moien am Escher Gemengerot fir dat entspriechend Reglement gestëmmt.
Esou eng Tax gouf eigentlech schonn 2012 zu Esch gestëmmt, ëmgesat gouf se awer net. Et gëtt geschat, datt an der zweetgréisster Stad am Land 8 bis 9 Prozent vum Wunnraum net genotzt ginn, dat wiere ronn 1.500 potentiell Logementer. Mat deem neien Taxe-Reglement wéilt ee responsabiliséiere fir kënnen ze mobiliséieren, esou den CSV-Buergermeeschter Christian Weis an der Gemengerotssëtzung.
"Dat gesäit vir, dass esou eng Tax opgehuewe gëtt ab deem Moment, wou eeben eng Wunneng oder Wunnraum oder Bauterrain zanter méi wéi 18 Méint net genotzt gouf. Dat bedeit, dass Wunnraum, Wunnengen an Haiser domadder betraff sinn, déi laut eiser Escher Reglementatioun fir d'Wunnen ze notze sinn. A wou zanter méi wéi 18 Méint keng Persoun hei gemellt ass an och net iwwert en zweete Wunnsëtz gewosst ass."
Am éischte Joer falen 50 Euro pro Quadratmeter un, 70 Euro am zweeten an 100 Euro am drëtte Joer a fir all déi Joren dono. D'Tax trëtt 18 Méint no der Approbatioun vum Inneministère a Kraaft.