
Duerch de Chantier vum Tram, virun allem an der Neier Avenue, gëtt et jo Problemer fir verschidde Geschäftsleit. Bis ewell wieren 9 Demanden bei Luxtram erakomm, fir e finanziellen Ausgläich ze kréien, sot de Generaldirekter André Von der Marck dem Tageblatt géintiwwer. A 4 Fäll soll ganz geschwënn eng Decisioun getraff ginn.