FalschparkenVun 20 Milliounen Euro goufen der 6,4 Milliounen agedriwwen

RTL Lëtzebuerg
An de leschte 7 Joer goufen et eng ronn 700.000 Avertissements taxés wéinst Falschparken, déi net bezuelt goufen.
© RTL Archivbild

Dëst mécht eng Zomm vun 20 Milliounen Euro aus, déi net an d’Staatskeese konnte kommen, bis datt de Parquet saiséiert ginn ass.

Wéi d’gréng Ministeren Tanson a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Marc Goergen äntweren, sinn 41% vun dëse Protokoller op Falschparker zeréckzeféieren, déi net am Land wunnen.

Wéi vill Suen duerch d’Interventioun vun de Policegeriichter erakoumen ass de Ministeren no, net ze soen, well dës Prozedur vum Enregistrement gemaach gëtt.

Zejoert goufen zum Beispill eng 6.300 penal Ordonnancen op den 3 Policegeriichter fir e Montant vu ronn 1,2 Millioune geschwat - dëst wéi gesot wéinst Verstéiss géint de Code de la Route, woubäi an der Haaptsaach net-bezuelt Protokoller viséiert sinn.

Wann een d’Zommen iwwert déi lescht Joren zesummerechent, déi wéinst dëse Verstéiss op de Policegeriichter geschwat goufen, komme ronn 6,4 Milliounen eraus - wäit ewech also vum geschëlte Montant vun den 20 Milliounen.

Ze notéieren ass, dass zanter engem Gesetz vun zejoert iwwert d’Protokoller, déi wéinst Vitess-Infraktiounen duerch d’Radaren ausgestallt goufen, a fir déi 49 Euro ze bezuelen sinn, kee Protokoll méi opgestallt gëtt, wann den Avertissement taxé net bezuelt gëtt. An deem Fall gëtt den Automobilist fir eng forfaitaire Geldstrof schëlleg geschwat.

Back to Top
CIM LOGO