Déi ganz Woch iwwerVun e Méindeg u keng Zich vum Houwald aus a Richtung Rodange a Metz

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg bis e Freideg kann een um Houwald keng Zich a Richtung Rodange a Metz huelen. D'Verbindung a Richtung Stad leeft awer weider.
© Thomas Toussaint / RTL 5Minutes

Well d'CFL vun der Vakanzenzäit am Summer profitéiere wëllen, fir Aarbechten um Deel vum Schinnennetz duerchzeféieren, wäert en Deel vun de Schinnen um Arrêt Houwald vum 24. August un net direkt accessibel sinn. Dowéinst wäerten net all d'Zich de Knuedepunkt um Houwald an der Woch vum 24. August bis den 28. August kënnen ufueren.

Betraff sinn hei d'Zich vun de Linne Lëtzebuerg - Diddenuewen - Metz respektiv Lëtzebuerg - Esch - Rodange. Déi fueren an där Woch um Arrêt Houwald just a Richtung Stad an net a Richtung Metz respektiv Rodange.

Passagéier, déi vum Houwald aus an déi zwou Richtunge wëlle fueren, si gebieden en Zuch respektiv en Tram op d'Stater Gare ze huelen an do dann op den Zuch a Richtung Metz oder Rodange ëmzeklammen.

D'Schreiwes vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO