
Bis ewell gouf et en duebele System, mat entweder Nummeren, déi dem Gefier attribuéiert goufen oder awer personaliséierte Placken.
Am drëtten Deel vun eiser Serie iwwer de Stroosseverkéier schwätze mer iwwer Plackennummeren an do geet ee mat engem neie Gesetz elo komplett eriwwer op de personaliséierte System.
Dat heescht: D’Plackennummer leeft net méi op d’Gefier, mä op d’Persoun, respektiv d’Entitéit.
De Pol Philippe, Chef vun der Direction de la technique automobile:
“Wann ee lo eng Plack mécht, egal ob personaliséiert oder aus der Série courante, gëtt se attribuéiert un d’Persoun.”
Wann d’Gefier also verkaaft gëtt, bleiwen d’Placken net drop. Wien eng extra Nummer wëll, kann déi weiderhin ufroen, notamment um Site vun der SNCA. Allerdéngs ginn d’Delaie geännert, wéi laang een eng Plack reservéiere kann, ouni datt e Gefier ugemellt gëtt.
“Bis elo waren dës Nummeren 3 Joer reservéiert, lo ass et just nach 1 Joer, dat gëllt och fir de Fall, wou e Gefier ofgemellt gëtt.”
Domadder wéilt ee vermeiden, datt Leit divers Plackennummeren op sech reservéieren, ouni se ze notzen.
“Bei de fënnefstellege Placke war zum Beispill een Drëttel einfach emol reservéiert.”
Nei ass och, datt ee scho bei der Reservatioun muss bezuelen an net eréischt bei der Immatrikulatioun, sou de Pol Philippe.
Da gëtt et net onbedéngt gutt Nouvellë fir déi Leit, déi op der Waardelëscht sti fir eng Plack mat just 4 Zifferen. Déi Lëscht gëtt nämlech ofgeschaaft.
Nummereschëlder mat 4 Ziffere si beléift, mä rare. Et gëtt Kombinatiounen tëschent 1000 an 9999, ma et ass keng méi fräi, dofir gëtt et zënter Joren eng Waardelëscht.
Mam neie Gesetz fält dës Lëscht ewech an déi Leit, déi do drop stinn, hate Pech.
“Placke sinn do fir eng Kennung vun engem Auto ze maachen. Mir hunn déi Lëscht ofgeschaaft, och well do eng gewëss Verwaltung néideg war.”
Wien an Zukunft eng Plack mat 4 Ziffere wëll muss am System vun der SNCA kucken, ob seng Wonschkombinatioun fräi ass, woubäi d’Chancë kleng sinn, datt dat de Fall ass. Derbäi kënnt, datt d’Zuel vun den Demandë pro Persoun och wäert limitéiert ginn.
Op der genannter Waardelëscht stinn am Moment nach ronn 2.700 Leit an d’Waardezäit op e véierstellegt Nummereschëld louch elo an der Lescht bei méi ewéi 5 Joer.