CR125Walfer-Stafelter nees op

RTL Lëtzebuerg
Zanter Oktober 2018 war d'Streck tëscht Walfer an dem Stafelter gespaart. E Méindeg geet dësen Deel vum CR125 nees op.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéinst den Aarbechten un der Barrière zu Walfer huet een den CR125 tëscht Walfer an dem Stafelter Mëtt Oktober 2018 fir den Trafic gespaart. Ufanks gouf annoncéiert, datt d’Streck am Fréijoer 2019 nees géif opgoen. Den 1. Juli 2019 dierfen d’Gefierer d’Streck tëscht Walfer an dem Stafelter nees notzen.

Ugangs gouf vu Ponts et Chaussées annoncéiert, datt d’Streck géint 16 Auer sollt nees opgoen. Ma schonn eng Stonn virdrun konnten d’Automobiliste nees iwwert den CR125 vu Walfer op de Stafelter a béid Richtunge fueren.

Back to Top
CIM LOGO