Zich a Richtung NordenWéinst engem Tëschefall zu Heeschdref koum et zu Verspéidungen an Ausfäll op der Nordstreck kommen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'CFL op hirem Site matdeelen, war um fréien Donneschdeg den Owend mat Verspéidungen an Ausfäll vun Zich, déi a Richtung Norden fueren, ze rechnen.
Zu Heeschdref ass um Donneschdeg den Owend en Zuch net weidergefuer.
Zu Heeschdref ass um Donneschdeg den Owend en Zuch net weidergefuer.
© Ian Pocervina

Um Internetsite vun den CFL krut een um Donneschdeg den Owend d'Informatioun, datt ee mat Verspéidungen an Ausfäll op der Streck vu Lëtzebuerg iwwer Ettelbréck op Gouvy respektiv Dikrech ze rechnen ass. Wat genee de Problem ass, gëtt net erwäänt.

RTL-Informatiounen no sinn awer an der Ëmgéigend vun der Gare zu Heeschdref vill Sireenen ze héieren, an en Zuch steet net wäit vun der Gare ewech. Dës Maschinn war awer géint 21.30 Auer weidergefuer. Méi Detailer dozou hu mer awer am Moment net.

Back to Top
CIM LOGO