
Zanter dem 16. Mäerz virun 3 Joer hunn d’Radare bal 800.000 Mol geblëtzt, wéi d’Wort e Samschdeg schreift. D’Zuele ginn zréck, dat heescht, et ginn ëmmer manner geblëtzt.
Haut gëtt et 24 fix Radaren, 6 mobiler an een, dee gären op de Chantieren agesat gëtt. Deen hat jo elo rezent op der Escher Autobunn op der Héicht vu Steebrécken bannent den éischten 48 Stonne 5.000 Chauffere geblëtzt.
RTL NEWS: “Blëtzgewitter” op der A4Am Hierscht gëtt den éischte Streckeradar op der Iechternacher Streck tëscht dem Waldhaff a Gonnereng getest an en zweete Radar fir d’Chantiere soll kaf ginn. An de 25. fixe Radar kënnt nach dëst Joer tëscht Groussbus an der Hierheck.