"Blëtzgewitter" op der A4Mat der Vitesslimitatioun am Schantje wier alles korrekt

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Ministère de la Mobilité et des Travaux publics RTL op Nofro confirméiert.
© Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Op der Escher Autobunn gëtt jo op der Héicht vu Steebrécken geschafft - an an deem Schantje stoung d’lescht Woch op eemol e Radar. An deen huet gemooss, ob d’Automobiliste sech brav un déi do virgeschriwwe Vitesslimitatioun vu 70 km/h hale géifen.

Ganz vill schéngen dat net gemaach ze hunn, well RTL-Informatiounen no si bannent den éischten 48 Stonnen net manner ewéi 5.000 Chauffere geblëtzt ginn ... Och op Nofro hi wollt d’Police dës Zuel net bestätegen.

Ma dat “Blëtzgewitter” huet net nëmme fir vill Commentairen hei op RTL.lu gesuergt, e puer Automobilisten hu sech och gefrot, ob d’Vitesslimitatioun korrekt ëmgesat gi wier: Firwat 70 km/h? Gouf d’Vitess och wierklech graduell vun 130 op 70 km/h erofgesat? A gëllt d’Limitatioun net just fir déi Auerzäiten, zu deenen um Chantier geschafft gëtt?

Déi eenzel opmierksam Utilisateuren hu sech bei hire Remarken op en Dokument mam Titel “Signalisation des chantiers” vun der “Commission de Circulation de l’Etat” beruff. Och Ponts et chaussées hunn op Nofro op dëst Dokument verwisen. Dora gëtt effektiv 70 km/h bei esou Schantercher op Autobunne prekoniséiert (cf. Grafik hei drënner).

PDF: D'Dokument

Back to Top
CIM LOGO