De Rotary Club Esch-sur-Alzette huet e Sonndeg, den 13. September 2026 zu Munneref am wonnerschéine Kader vum Parc du Domaine Thermal déi éischt Editioun vun Rotary Elegance & Power organiséiert.
Trotz ongënschtege Wiederprevisiounen huet d'Manifestatioun vill Frënn aus der Automobilzeen ugezunn. De Public konnt eng aussergewéinlech Auswiel u klasseschen Autoen a moderne Supercars entdecken, grad ewéi e sëllege Motorrieder.
Besonnesch ervirzehiewe war den héijen Niveau, d'Raritéit an d’Diversitéit vun den ausgestallte Gefierer. Et waren och eng Rei Exemplare mat Mille-Miglia-Historie derbäi.
Am Kader vum Concours d’Élégance goufe verschidde Gefierer an de Kategorien "Pionniers", "Âge d’or" a "Sixties" ausgezeechent.
Den Event huet d'Passioun fir den Automobil mat Solidaritéit a Gesellegkeet verbonnen. De gesamten Erléiss vum Event geet un d'Suessemer Kannerschlass.

Weider Informatiounen zu Event fannt dir op eleganceandpower.lu.