Fir de Contrôle techniqueZu Wolz huet eng nei Kontrollstatioun hir Dieren opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Am Norde vum Land gëtt et eng weider Méiglechkeet, fir ënner anerem de Contrôle technique vum Auto maachen ze loossen.
Symbolbild
Symbolbild
© RTL

2018 hat de Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur matgedeelt, datt déi technesch Kontrollstatioun zu Wëlwerwolz hir Diere géing zoumaachen. Den 12. August 2026 huet eng nei Kontrollstatioun zu Wolz opgemaach. LU KS ass elo net méi just zu Luerenzweiler, zu Wickreng an op der Cloche d'Or vertrueden, ma och am Norde vum Land.

Zanter enger Rei Jore gëtt de Contrôle technique hei am Land jo net méi just nach vun der SNCT duerchgefouert, ma och d'Luerenzweiler Kontrollstatioun SARL - LU KS an d'DEKRA Automotive SARL dierfen dëse Service ubidden.

Back to Top
CIM LOGO